Coursen
Aqua Coursen | |
---|---|
Aqua-Zumba | Den Aqua-Zumba Cours stäerkt d'Muskelen, verbessert d'kierperlech Konditioun a bitt vill Spaass. De latäinamerikanesche Rhythmus motivéiert, d'Beweegungen si gelenkschounend awer verbrennen effektiv Kalorien. En aquatesche Cours op eng ganz besonnesch Aart! |
Aqua-Circuit | Sicht Dir eng ëmfangräich a spilleresch Aktivitéit? Den Aqua-Circuit ass fir Iech gemaach! Mat enge Selektioun vu verschiddene Geräter (Vëloen, Hantelen, Lastiken, Trampolinnen, etc.), schafft Dir un all de verschiddenen Muskelgruppen (Bauch-, Récke-, Broscht-, Äerm-, Been- a Gesiessmuskelen). Fir all déi, déi variéierten Training mat Equipement schätzen – ouni Choreographie – a séier Resultater sichen. |
Aqua-Cycling | Fir all Zilgrupp geduecht, bréngt dëst intensivt, dynamescht a musikalescht Trainingskonzept gutt Resultater a vill Freed. Déi verschidden Übungen hëllefen, den ënneschten Deel vum Kierper ze trainéieren a ze festegen, Muskeltonus ze erhéijen, Ausdauer ze steigeren an d'Gesondheet ze erhalen. |
Aqua-Gym | Übungen am Waasser trainéieren d'Ausdauer a stäerken d'Muskelen. Mat Musek ass et nach besser. Traut Iech! Aqua-Gym ass e komplette Cours mat oder ouni Equipement. Dir wäert Iech no dësem Training super fillen! |
Aqua-Fitness | Aqua-Fitness Okeo Method ass e kardiovaskulären, aquateschen Training mat energeetescher a musikalescher Intensitéit. Dir léiert, wéi Dir mam Widderstand vum Waasser kënnt trainéieren. Kraaft a Stäerkt kennzeechnen dësen neien Usaz. |
Eenzelcoursen (CP) | D'Coursen daueren 30 Minutten a si fir Kanner an Erwuessener geduecht. D'Zil ass, Autonomie am Waasser z'erreechen a richteg schwammen ze léieren. |
Aqua-Senior | D'aquatesch Coursë fir eeler Leit si gesond a maache Freed. D'Muskele gi mobiliséiert a gestäerkt ouni d'Gelenker ze belaaschten. Den Alterungsprozess gëtt entschleunegt. Am Kontext vun enger Rehabilitatioun, fërdert d'Übe am Waasser de Heelungsprozess. D'Gymnastik am Waasser ass eng vun de beschte Methoden, fir d'Gesondheet an d'Wuelbefannen ze ënnerstëtzen a jonk ze bleiwen. |
Aqua-Mini | Dëse Cours ass fir Kanner vun 3 Méint bis 5 Joer geduecht. Et geet virun allem drëms, déi Kleng mam Waasser vertraut ze maachen an hir Entwécklung positiv ze beaflossen. |
Schwammcoursen |
Dës Schwammcoursen si fir Kanner vu 5 bis 10 Joer geduecht. D'Zil ass et, Onofhängegkeet am Waasser z'erreechen a richteg schwammen ze léieren. |
Kannercoursen
Wéi ee Cours fir mäi Kand?
Als Beispill: Vergewëssert Iech, datt Äert Kand de Level "Pinguin" huet, ier Dir et an d'Grupp "Turtle" aschreift.
Wann Dir onsécher sidd, weie Level äert Kand huet – ons Schwammmeeschter evaluéieren dat gäre vir Iech!
PINGUIN – Ufänger 4-5 Joer
Gewinnen un de Baseng an d’Waasser. "Ech ka Blose maachen a Saachen ënner Waasser sichen."
PINGUIN – Ufänger 6-7 Joer
Gewinnen un de Baseng an d’Waasser. "Ech ka Blose maachen a Saachen ënner Waasser sichen."
TURTLE – Mëttelstuf 4-5 Joer
Beweegung am Waasser ouni Hëllefsmëttel. "Ech ka mech um Réck an um Bauch beweegen an ech kann um Réck flottéieren."
INT – Fortgeschratt 6-7 Joer
Léiere vu Schwammtechniken. "Ech kann op d'mannst zwee Schwammstiler schwammen." (z. B. Brasse a Réck oder Kraul)
FËSCH – Expert 7-10 Joer
Verbesserung vu Schwammtechniken. "Ech beherrsche verschidde Schwammstiler."
Programm
24. Februar - 4. Abrëll 2025
Aschreiwungen de 6. Februar // 17:00 Auer via E-Shop
Mam E-Shop verbannen, klickt hei, w.e.g.
MÉINDEG | DËNSCHDEG | MËTTWOCH | DONNESCHDEG | FREIDEG |
---|---|---|---|---|
FEB: 24.02. MRZ: 03./10./17./24./31. |
MRZ : 04./11./18./25. ABR : 01.04. |
FEB: 26.02 MRZ: 05./12./19./26. ABR: 02.04. |
FEB : 27.02. MRZ: 06./13./20./27. ABR: 03.04. | FEB: 28.02. MRZ : 07./14./21./28. ABR: 04.04. |
15h30 CP 28 6 x 30 min 150 € + Entrée |
15h30 CP 39 6 x 30 min 150 € + Entrée |
12h15 Aqua-Senior 6 x 45 min 48 € + Entrée | 15h30 CP 48 6 x 30 min 150 € + Entrée |
|
15h30 CP 29 6 x 30 min 150 € + Entrée |
14h30 CP 35 5 x 30 min 125 € + Entrée |
15h30 CP 40 6 x 30 min 150 € + Entrée |
15h30 Turtle 6-7 Joer 6 x 45 min 60 € + Entrée | 15h30 CP 49 6 x 30 min 150 € + Entrée |
16h00 CP 30 6 x 30 min 150 € + Entrée |
15h00 CP 36 5 x 30 min 125 € + Entrée |
16h00 CP 41 6 x 30 min 150 € + Entrée | 16h30 Int 7-9 Joer 6 x 45 min 60 € + Entrée | 16h00 CP 50 6 x 30 min 150 € + Entrée |
16h00 CP 31 6 x 30 min 150 € + Entrée |
15h30 Pinguin 6-7 Joer 5 x 45 min 50 € + Entrée |
16h00 CP 42 6 x 30 min 150 € + Entrée |
18h15 Aqua-Boxing 6 x 45 min 48 € + Entrée | 16h00 CP 51 6 x 30 min 150 € + Entrée |
16h30 CP 32 6 x 30 min 150 € + Entrée |
16h30 Turtle 6-7 Joer 5 x 45 min 50 € + Entrée |
16h30 CP 43 6 x 30 min 150 € + Entrée | 19h00 CP 46 6 x 30 min 150 € + Entrée | 16h30 CP 52 6 x 30 min 150 € + Entrée |
16h30 CP 33 6 x 30 min 150 € + Entrée |
18h15 Aqua-Gym 5 x 45 min 40 € + Entrée |
16h30 CP 44 6 x 30 min 150 € + Entrée |
19h15 Aqua-Gym 6 x 45 min 48 € + Entrée | 16h30 CP 53 6 x 30 min 150 € + Entrée |
17h00 CP 34 6 x 30 min 150 € + Entrée |
19h00 CP 37 5 x 30 min 125 € + Entrée |
17h00 CP 45 6 x 30 min 150 € + Entrée |
19h30 CP 47 6 x 30 min 150 € + Entrée | 17h00 CP 54 6 x 30 min 150 € + Entrée |
18h15 Aqua-Cycling 6 x 45 min 60 € + Entrée |
19h15 Aqua-Boxing 5 x 45 min 40 € + Entrée |
18h15 Aqua-Cycling 6 x 45 min 60 € + Entrée |
||
19h15 Aqua-Cycling 6 x 45 min 60 € + Entrée |
19h30 CP 38 5 x 30 min 125 € + Entrée |
19h15 Aqua-Cycling 6 x 45 min 60 € + Entrée |
Aschreiwung
Wéi mellt ee sech fir Coursen un?
Sidd Dir e neie Client?
- W.e.g. erstellt e Clientskont virun der Aschreiwung op www.lesthermes.net.
- D'Coursë ginn zu engem spezifeschen Datum an enger spezifescher Zäit online gesat.
- D'Unzuel vu verfügbare Course kann sech änneren wann Annulatioune geschéien. Doduerch kënne Coursen nees disponibel ginn.
- Är Bestellung ass definitiv, wann Dir all Schrëtt duerchfouert an dann iwwer PayPal oder mat der Kreditkaart bezuelt hutt.
- Eng Reservatioun oder eng Bezuelung an der Receptioun vu Les Thermes ass net méiglech – och keng nodréiglech Bezuelung iwwer PayPal.
- Am Fall wou ee Cours ausverkaaft ass, kënnt Dir Är E-Mailadress uginn, da gitt Dir informéiert wann de Cours rëm disponibel sollt ginn.
- Maximal zwou Plaze pro Cours kënne pro Commande bestallt ginn.
Wat braucht Dir fir de Cours?
- Schwammsaachen
- Grousst Handduch an/oder e Buedmantel
- Waasserschong (net néideg fir Kanner-Coursen)
- Spezialwëndele fir am Waasser fir d'"Aqua-Mini"-Coursen
- Eng Schwammkap ass net obligatoresch – laang Hoer mussen an e Wutz gemaach ginn.
A wat nach …?
- Check-in: 10-15 Minutte virum Cours
- Mat engem SplashBadge/Speedlane kënnt Dir direkt duerch d'Dréikräiz goen.
- Wärend de Schoulvakanzen a Lëtzebuerg si keng Coursen.
Erliefnesbad
Plongez dans le plaisir ! | |
---|---|
Schwammbaseng 25 m, 6 Bunnen | 28°C |
Léierbaseng | 28°C |
Puppelchersbaseng | 33°C |
Living Wall Aquarium | Kanner < 5 Joer |
Wellebaseng | 31°C |
Baussebaseng | 31°C |
Universum Spraypark, am Gaart | Kanner < 5 Joer |
Spruddelbaseng mat Massagedüsen | 31°C |
Riesenrutsch 80 m | vu 6 Joer un |
Speedrutsch 30 m | vun 12 Joer un |
Space-Shuttle Rutsch 3 x 70 m | vu 6 Joer un |
Wiss mat Beachvolleyballplaz | |
Snack-Box | |
Solarium | |
Brasserie |
Ëffungszäiten Schoulvakanzen
Erliefnesbad | Sauna | |
---|---|---|
Méindeg | 10:00 - 22:00 | 10:00 - 22:00, mixte |
Dënschdeg | 07:00 - 22:00 | 10:00 - 14:00, Dammen 14:00-22:00 mixte |
Mëttwoch | 10:00 - 22:00 | 10:00 - 22:00, mixte |
Donneschdeg | 07:00 - 22:00 | 10:00 - 22:00, mixte |
Freideg | 10:00 - 22:00 | 10:00 - 22:00, mixte |
Samschdeg | 09:00 - 21:00 | 09:00 - 21:00, mixte |
Sonndeg a Feierdeeg | 09:00 - 21:00 | 09:00 - 21:00, mixte |
Sécher Bezuelmethod