Les Thermes

Eis Ëffnungszäiten

Sauna & Wellness

Sauna & Wellness
picture

Eis Saunaen...

... fir Äert Wuelbefannen

 

Sauna & Wuelbefannen
Lava Kabinn Infrarout
D'Infrarout Kabinn ass eng exzellent Manéier, fir de Metabolismus ze stimuléieren, Toxinne lasszeginn an a Form ze bleiwen. D'Temperatur an der Infrarout Kabinn läit bei ongeféier 35-40°C. 
Waasser Sauna 85°C, dobaussen Dës Sauna op 2 Niveauen huet eng Temperatur vun 85°C an eng Fiichtegkeet vu 20-25%. En automateschen Opgoss fënnt dräimol d'Stonn statt.
Salz Sauna 55°C, dobaussen Entspant Iech mat enger Mieresbrise op engem ergonomesche Ligestull. Dës Sauna huet eng Temperatur vu 55°C an eng Fiichtegkeet vu 40-45%.
Stären Hamam Déi douce Temperature vum Hamam tëscht 42-45°C kombinéiert mat enger relativer Fiichtegkeet vun 100%, hëllefen dem Kierper sech ze regeneréieren. Essenziell Ueleger vun Eukalyptus a Menthe verstäerken d'Sënnesandréck a rengegen d'Longen.
Kraider Sauna 80°C Natierlech Kraider ginn an engem Deppe virbereet a verstréimen en angeneeme Geroch. D'Aromae vun den Ueleger a Planzendëft, wierken jee no hirem Mix entspaanend oder stimuléierend.
Mound Biosauna 60°C D'Bio Sauna gehéiert zu de Saunae mat niddereger Temperatur. Mat enger Fiichtegkeet vu 40%, ongeféier 60°C an engem Beliichtungssystem, ass et déi ideal Plaz fir ze entspanen. 
Steng Sauna 90°C, dobaussen Déi original Form vun de finnesche Saunaen. An enger gemittlecher Ambiance, erméiglecht dës Sauna, trotz héijen Temperaturen a wéineg Fiichtegkeet, méi laang an der Wäermt ze bleiwen.
Feier Sauna 80°C, dobaussen De Geroch vun Holz an d'Knistere vum Feier bidden e Gefill vu Wuelbefannen. D'Fonkele vun de Flamen hëlleft, de Stress vum Alldag ze vergiessen.
Äerd Sauna 95°C, dobaussen Dës Sauna op 3 Niveauen huet eng Temperatur vu 95°C an eng Fiichtegkeet vun 20-25%. Natierlech Aromae stimuléieren d'Bluttzirkulatioun an ënnerstëtzen douce d'Rengegung vum Organismus.
Whirlpool 35°C
Kalwaasserbaseng 18°C
Baussenbecken  31°C
Äis Fontaine
Wellness Lounge / Sauna-Bar
Wantergaart

Moonlight-Sauna

Moonlight-Sauna

« ST. PATRICK » 7. Mäerz 2025 bis 00h00

Erlieft eenzegaarteg Owender an der Wellness Lounge an der Moonlight Sauna an entdeckt eise beandrockende Buffet.

Buffet 28,50 € / Pers.
(1x Soft, Béier oder Wäin inklusive)
Entréesticket 24,50 € / Pers.

Reservatioune fir de Buffet si bis de 5. Mäerz 2025 méiglech.

Reservéiert elo fir en onvergiesslecht Erliefnes.

Kleeblatt

Opgoss Plang

Opgoss Plang

Februar 2025

Entdeckt eisen Opgoss Plang a loosst Iech an eng Welt vun eenzegaartege Sensatioune féieren. All Dag invitéiert eis Ekipp Iech, un entspanenden Opgoss Zeremonien deelzehuelen, wou d'Hëtzt an d'Aromaen mateneen verschmëlze fir Iech eng onvergiesslech Sauna Erfarung ze bidden.

Kommt laanscht a genéisst eise villfältege Programm.

Consultéiert den Opgoss Plang vun dësem Mount.

Aufguss

Suggestioune vum Chef

Suggestioune vum Chef

Februar 2025

E kulinareschen Delice, deen Dir net dierft verpassen!

Mir si frou, Iech d'Suggestioun vun eisem Kichechef ze presentéieren. Entdeckt eng eenzegaarteg gastronomesch Kreatioun, déi mat Suergfalt a Passioun preparéiert gouf. Loosst Iech vun exquisite Goûten an ongewéinleche Geschmaachskombinatiounen iwwerraschen. Mir erwaarden Iech ongedëlleg an der Wellness Lounge um éischte Stack, fir dës aussergewéinlech kulinaresch Propositioun ze genéissen. Kommt an erlieft eng onvergiesslech Geschmaachserfarung.

Kuckt eis Suggestiounen elo.

Suggestion

Entréespräisser Sauna

 

SAUNA ERWUESSEN JUGEND
Entréesticket 24,50 € 18,50 €
Dammen 4h (Dënschdes 10h-14h) 19,50 € 13,50 €

 

  • Locatioun Buedmantel    6,00 € + 50 € Kautioun
  • Locatioun Handduch       4,00 € + 15 € Kautioun

 

Weekend- an Feierdaagszouschlag vun 1,00 € pro Entréesticket

SplashCard

Flexibel an ouni Grenzen!

Profitéiert vun exklusive Virdeeler a spuert bei all Visitt an d'Erliefnesbad oder an d'Sauna. Är SplashCard gëtt och an der Escale Beauté fir Schéinheetsbehandlungen a Massagen akzeptéiert, souwéi, wéi gewinnt, fir den Zougang zum Solarium an der Brasserie vum Erliefnesbad an an der Wellness Lounge am Sauna-Bereich.  Ausserdeem kënnt Dir och an eisem klenge Shop an der Receptioun domadder bezuelen.

Montant SplashCardReduktiounen
100 € = SplashCard 100
  5 % Reduktioun op Ären Entréesticket
200 € = SplashCard 200
10 % Reduktioun op Ären Entréesticket
300 € = SplashCard 300
15 % Reduktioun op Ären Entréesticket
500 € = SplashCard 500
20 % Reduktioun op Ären Entréesticket

 

Wichteg Informatioun

De Saunaberäich ass en textilfräie Beräich. Merci, datt Dir e Buedmantel der Wellness Lounge unditt.

Sécher Bezuelmethod