Öffnungszäiten
Sauna | ||
---|---|---|
Méindeg | 10:00 - 22:00 | mixte |
Dënschdeg | 10:00 - 14:00 Dammen | 14:00 - 22:00 mixte |
Mëttwoch | 10:00 - 22:00 | mixte |
Donneschdeg | 10:00 - 22:00 | mixte |
Freideg | 10:00 - 22:00 | mixte |
Samschdeg | 09:00 - 21:00 | mixte |
Sonndeg a Feierdeeg | 09:00 - 21:00 | mixte |
______________________________________________________________________________________
SUGGESTION DU CHEF
Leif Gäscht,
Hei fannt Dir d'Recommandatioun vun eisem Chefkach.
Mir freeën eis op Äre Besuch an de Wellness Lounge op de 1. Etage.
- Suggestion du chef 01-2025 (492.07 Ko)
______________________________________________________________________________________
______________________________________________________________________________________
Lued d'Info erof ...
- Menu-L (369.53 Ko)
- 1x1 Guide Sauna (733.87 Ko)
- 1x1 Sauna (609.54 Ko)
- H2O-Haus-und Badeordnung (112.54 Ko)
- H2O-Règlement interne (111.96 Ko)
- Brochure (848.24 Ko)
______________________________________________________________________________________
Impressiounen Espace Wellness
Détail______________________________________________________________________________________
SAUNA A WELLNESS
Lava-Infrarout
Déi Infrarout Stralungshëtzt geet ënner d’Haut an hëlleft d’Muskelen ze entspanen an den Stoffwiessel ze équilibréieren. D’Temperatur an enger Infrarout Kabin leit bei 35-40°C.
Waasserfall - Sauna 85°C, dobaussen
Bei enger Temperatur vun 85°C an enger Loftfiichtegkeet vun 20-25 % kenn der iech hei op 2 Stäck entspanen. Den "Opguss" ass automatisch 3 Kéiers all Stonn.
Salz - Sauna 55°C, dobaussen
Bei enger Temperatur vun 55°C an enger Loftfiichtegkeet vun 40-45 % kenn dir iech mat enger Mieresbrise op speziellen ergonomeschen Ligen erhoulen.
Stären - Hamam
Déi mëll Temperaturen am Hamam vun 42-45°C, kombinéiert mat enger relativer Loftfiichtegkeet vun 100% ënnerstëtzen de Regeneratiounsprozess vum Kierper. Aromatesch Zousätz vun Eukalyptus a Menthe bréngen Ofwiesselung an den Niwwel, fleegen d’Longen a suergen dofir dass se op ginn.
Kraider - Sauna 80°C
Naturkraider gin an engem spezielle Behälter präparéiert. Den aromatesche Sud aus Ueleg an den Doft vu frëschem Hee oder frësche Kraider wierke jee no Zesummestellung entspaanend oder ureegend.
Mound - Biosauna 60°C
D’Biosauna zielt zu den Nidderegtemperatur Saunaen. Mat ongeféier 60°C, enger Loftfiichtegkeet vun 40% an engem Faarfliichtsystem, ass si déi ideal Plaz fir z’entspanen. D’Openthaltsdauer ass jee no Wuelbefanne vu jidderengem selwer ze bestëmmen.
Steng - Sauna 90°C, dobaussen
D’Urform vun de finnesche Saunaen. Agegruewen am Buedem, mat uergemütlecher Atmosphère, erlaabt d’Erdsauna trotz héijen Temperaturen a gerénger Loftfiichtegkeet e längerer Saunaopenthalt.
Feier - Sauna 80°C, dobaussen
Holzgeroch an e knisternd Holzfeier suerge fir eng entspaanend Atmosphère. Bei flackeregem Liicht vum Feier fält et engem einfach den Alldag ze vergiessen.
Äerd - Sauna 95°C, dobaussen
Bei enger Temperatur vun 95°C an enger Loftfiichtegkeet vun 20-25 % kenn der iech hei op 3 Stäck entspanen. Den Naturaromen-Opgoss reegt de Kreeslaf un an ënnerstëtzt op eng douce Manéier den Entschlackungsprozess.
Wichteg! D’Saunalandschaft ass en textilfräie Beräich.
An der Wellness Lounge braucht Dir een Buedmantel.
Whirlpool | 35°C |
---|---|
Kaale Baseng | 18°C |
Baussebaseng | 31°C |
Erliefnesduschen bannen an baussen | |
Äisbuer | |
Wantergaart | |
Wellness Lounge / Sauna-Bar | |
Handduch | Locatioun 4.- / Pfand 15.- |
Buedmantel | Locatioun 6.- / Pfand 50.- |
Kontakt
Rue des Thermes
L-8018 Strassen
Tél.: +352 27 03 00 27
Fax: +352 27 03 00 28
E-Mail: