Verantwortlechen Schwimmen / Wellness

Mir sichen, fir esou séier wéi méiglech, een/eng

Verantwortlech/en fir de Beräich Schwammen / Wellness
40 Stonnen/Woch (CDI)

Dir huet Experienz an der Féierung vum enger Equipe, idealerweis schon an engem Fräizäitbetrib an verantwortlecher Positioun geschafft, Dir kënnt verschidden Aqua-Coursen halen, d'Clienten an d'Mataarbechter animéieren an huet eng Ausbildung am sportlechen Beräich? - Dann sidd Dir bei eis richteg!

Niewent den klasseschen Aarbechten an der Organisatioun vum Schwamm- an de Saunaberäich, sinn an eisem Servicebetrib nach eng Rei spezifesch Ufuerderungen gefrot:

  • Eng oppen an flexibel Perséinlechkeet, prett fir néi Erausfuerderungen,
  • Lëtzebuergesch, Franséisch, Däitsch a gären och Englesch, geschwat a geschriwwen,
  • Professionalitéit am Ëmgang mat eisen Clienten,
  • Aarbechtszäiten och zu deene Momenter wou déi aner fräi hunn,
  • Reegelméisseg Asätz als „Supervisor" - verantwortlech fir den perfekten Oflaf vum Betrib

Wann Dir bereet sidd des Erausfuerderungen unzehuelen, dat ganzt an engem aussergewéinlechen Kader, dann freeën mir eis iwwer Är Kandidatur mat Liewenslaf. Schéckt Är Demande per Post oder per E-Mail .

Diese Webseite verwendet Cookies zum Zwecke der Optimierung des Angebots und der Personalisierung von Inhalten. Indem Sie auf der Seite weitersurfen, stimmen Sie der Verwendung dieser Cookies zu. 

Ich stimme zu Mehr Infos